Bitt eng Blummen un d'Natur

Bitt eng Blummen un d’Natur

Theorie a Praxisworkshop : Vill Blummen oder vill Aarten ? Wéi leet een eng Blummewiss un ?

D’Biodiversitéit ass an enger Kris a braucht eis Ënnerstëtzung. Wee well hëllefen, kann zum Beispill aarteräich Blummewisen uleeën, an esou d’Aartevillfalt fërderen. Beim Schafe vun dëse Wisen bidde mir villen Insekten e Liewensraum a Fudderreserven - sief et op ëffentleche Gréngflächen, a Privatgäert oder an der Agrarlandschaft.

Déi natierlech Vegetatioun ass un de Buedem, d’Klima an d’Aartegemeinschaft vun hirem Liewensraum ugepasst. A ville Blummemëschunge sinn awer och Aarten dran, déi net natierlech zu Lëtzebuerg virkommen an dofir och net gëeegent sinn. Dës Planze kënnen eis heemesch Flora beanträchtegen. Insekten profitéieren dovunner och wéineg.

Wëllplanzesom fir méi Diversitéit

Beim Uleeë vun enger Blummewiss ass deemno wichteg, dass qualitativ héichwäerteg an zertifizéiert Geseemsmëschunge mat heemesche Wëllplanzen aus eiser Regioun benotzt gëtt. Den Naturschutzsyndikat SICONA an den ’natur musée’ hunn zesumme mat weidere Partner e Projet an d’Liewe geruff, fir esou Lëtzebuerger Geseemsmëschunge vu Wëllplanzen ze produzéieren. Zënter 2018 ginn am Kader vun dësem Projet eng 60 heemesch Kraider- a Grieseraarten, haaptsächlech typesch Wisenaarte wei d’Wise-Margréitchen oder de Wise-Salbei, hei zu Lëtzebuerg op de Felder ugebaut.

Wee méi heiriwwer well gewuer ginn, kann eis Konferenz de 7te Mäerz an de ‘natur musée’ vum Thierry Helminger lauschtere kommen : Vill Blummen oder vill Aarten ? Wëllplanzesom fir méi Diversitéit. Et geet dorëms, wéi eng eenheemesch aarteräich Wiss eigentlech ausgesäit, a wat ee ka maachen, fir méiglechst villen Aarten wierklech e Liewensraum a Fudder ze bidden.

Wéi leet een eng Blummewiss un ?

Beim Uleeën vun enger Blummewiss muss een awer och e puer Saache beuechten. Deemno bitt SICONA an de ’natur musée’ den 11te Mäerz e Workshop un : Wéi leet een eng Blumewiss un ? Hei weise mir wéi een vir geet a wouropper een oppasse sollt. Et gëtt erklärt a gewiesen, wéi wichteg de richtege Standuert ass, firwat nëmme Som vun heemesche Wëllplanzen a Fro kënnt, a wéi déi optimal Fleeg auszegesinn huet : Nëmmen esou kënnen d’Insekte laangfristeg vum Liewensraum a vun de Fudderressourcë profitéieren.

Mir huelen heifir d’LUX-Mëschungen vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg, déi ee mëttlerweil ob ville Plazen am Land ze kafe kritt. D’Umellung fir de Workshop ass noutwenneg, well d’Unzuel vun de Partizipante begrenzt ass. Treffpunkt ass zu Olm am Biodiversitéitszentrum SICONA. De Workshop ass mam Dr. Simone Schneider (SICONA), mam Maurice Probst (SICONA) a mam Thierry Helminger (’natur musée’)

Article
Article
Publié le vendredi 3 mars 2023
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires