
15/06/2024
Summerfest um Escher Nossbierg
D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitéieren, dat dëst Joer Samschdes, de 15. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfënnt.
Programm vum Dag
11:00 – 14:00 | Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessible fir JIDDEREEN, organiséiert vu Special Olympics Lëtzebuerg.
11:30 – 18:00 | Museksprogramm
De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks a Kreativatelieren fir Grouss a Kleng
Och dëst Joer hu mir eis erëm als Zil gesat mam Logo „Green Events” ausgezeechent ze ginn.
Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm :
- regional, lokal a biologescht Iessen a Gedrénks : Geméis aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un.
- d‘Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘Gedrénks
- Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier
- eng bewosst Offalltrennung
- Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren
- d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam ëffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitéit.lu) an d’Organiséiere vun Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:30 Auer
- Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren
Adress : 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accès)
Wann dir eis wëllt mat engem Don ennerstëtzen, da kënnt dir daat hei maan : FAIRE UN DON
Weider Infos fannt dir op eisem Flyer.