Info-Versammlung zum Projet GROW

Info-Versammlung zum Projet GROW

Lëtzebuerg ass eng vun 9 Regiounen an Europa, déi beim europäesche Buedem-Observatoire matmaachen, fir mat Hëllef vu Sensoren d‘Buedem-Fiichtegkeet ze moossen a fir esou Satellitendaten kennen ze validéieren an d‘Klimamodeller ze verbesseren. Extrem klimatesch Evenementer, wéi Dréche-Perioden oder staarke Reen kennen sou besser virausgesot ginn, eis Landnotzung an Ubaumethoden dem Klimawandel besser ugepasst ginn, fir eis Biedem nohalteg ze erhalen.

Wann Dir als Gemeng matmaacht, kritt Dir Buedemfiichtekeets-Sensoren gratis, an är Daten ginn an enger landeswäit dynamescher Kaart vu Buedemfiichtegkeet ugewisen. Dëst geet awer nëmme, wa vill Leit matmaachen a genuch Daten zesumme kommen.

Wat musst der maachen, fir derbäi ze sinn :

  • Minimum 5 Sensoren an ärer Gemeng setzen (Wiss, Park, Bongert, Wéngert, Feld, Gaart wou net (vill) genat gëtt) ;
  • eng Informatiounsversammlung fir är Bierger organiséiren wou mir, (GROW team Letzebuerg) de Projet virstelle kommen an gratis Capteure verdeelen. Dir maacht mat eis en Datum aus a stellt e Sall an ärer Gemeng zur Verfügung an schéckt d‘Invitatiounen raus. Mir stellen Iech Informatiounsmaterial an en Text fir d‘Invitatioun zur Verfügung, fir auszedeelen an ze verschécken.

Eng Info-Versammlung fir d’interesséiert Gemengen ass den Donneschdeg 28. Mäerz um 15.30 Auer am Oekozenter Pafendall, 6 rue Vauban – Stad Lëtzebuerg. Umeldung : paul.polfer@oeko.lu
Grow Invitation Communes KB Lëtzebuerg

Kontakt GROW PLACE Luxembourg
grow@cell.lu
Karine Paris : 691737699 / Tania Walisch : 621700716
https://growobservatory.org/

Communiqué CELL & Klima-Bündnis Lëtzebuerg

Article
Article
Publié le jeudi 21 mars 2019
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires