Lescht Roadshow Mobilité douce mam François Bausch zu Klierf am Schlass

Lescht Roadshow "Mobilité douce" mam François Bausch zu Klierf am Schlass

Op bis elo 6 Owender hu sech am ganzen iwwer 250 politisch Vetrieder vu Gemengen afonnt, fir dem Minister a senge Leit aus dem Ministère nozelauschteren.

Mëttwochs, de 24. Juni ëm 19 Auer fënnt zu Klierf am Schlass déi lescht Etapp vun der Roadshow fir Gemenge-Conseilleren, technesch Déngschter an all aner Leit, déi sech interesséieren oder wëllen dozou bäidroen, datt Zefoussgoen a Vëlofueren an eisem Land erëm attraktiv ginn, statt.

Op bis elo 6 Owender hu sech am ganzen iwwer 250 politisch Vetrieder vu Gemengen afonnt, fir dem Minister a senge Leit aus dem Ministère nozelauschteren.

Zanter der Ouverture vun der Vennbahn, déi en europäesche Präiss a relativ séier e ganz grousse Succès kritt huet, gouf d’Potenzial vum Vëlostourismus am Norde vum Land nei entdeckt.

De François Bausch wäert e Mëttwoch e flotten Abléck dra ginn, wéi de Ministère an d’Gemengen mat deem Potenzial, awer och mam Vëlo um Wee fir op d’Aarbecht oder an d’Schoul, kënnen ëmgoen.

De Programm : 

 Zefoussgoen a Vëlofueren als essentiell Elementer vun enger efficacer Mobilitéitsplanung.

 Wéi ënnerstëtzen den MDDI, d’Ponts & Chaussées an de Verkéiersverbond d’Gemenge bei der Planung fir Mobilité douce ?

 Ënnert wéi enge Konditioune kann Tempo 30 elo och op Staatsstroossen envisagéiert ginn ?

 De Point de vue vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.

Diskussioun.

Jiddereen, dee sech interesséiert, ass natierlech och agelueden. Den Entrée ass fräi. 

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Article
Article
Publié le mardi 23 juin 2015
Partager sur
Nos partenaires