Agenda

Participez aux événements sélectionnés pour vous par la rédaction d'Infogreen.

Konferenz Europäesch Mobilitéitswoch 2018
20/04/2018

Konferenz Europäesch Mobilitéitswoch 2018

Gitt gewuer wéi Är Gemeng am Kader vu "Sustainable Urban Mobility Plans" Projete an der nohalteger Mobilitéit ëmsetze kann. Fannt eraus wéi d’europäesch Mobilitéitswoch am Kader vum Klimapakt Geld an Är Gemeng bréngt. Op eiser Konferenz héiert Dir 6 Referater fir Iech ze hëllefen eng interessant an effektiv europäesch Mobilitéitswoch (EMW) an Ärer Gemeng ze plangen.

Vendredi 20 avril de 08h00 à 16h00

Oflaf :

8:00 Auer : Ukommen a Begréissungskaffi.

8:30 Auer : Begréissung duerch den Här Gilles Dostert, Generaldirekter vum Verkéiersverbond.

8:45 Auer : Begréissung duerch d’Mme Marion Zovilé-Braquet, Buergemeeschtesch vun der Gemeng Conter.

9:00 Auer : D’Europäesch Mobilitéitswoch – Ee Konzept, eng Chance. Aféierung an de Sujet duerch den Här Bausch, Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen.

9:15 Auer : Referat Contern : Sou hu mir d’europäesch Mobilitéitswoch ëmgesat vum Här Fernand Schiltz, éischte Schäffen an zoustänneg fir d’Mobilitéit an der Gemeng Conter.

9:30 Auer : Referat En Ausbléck op d’Editioun 2018, en Iwwerbléck vum Konzept, den Hannergrond vun der Campagne an de europäesche Kader vun der EMW vum Här Juan Caballero, Projetskoordinator beim Mobilitéitsteam vu EUROCITIES.

10:15 Auer : Kaffispaus.

10:30 Auer : Referat Muldimodalitéit – Multimobilitéit ? Mix and Move ! vum Här David Everard, Kommunikatiouns- a Marketing Responsable beim Verkéiersverbond a nationale Koordinator vun der EMW.

11:15 Auer : Referat SUMP – Sustainable Urban Mobility Plans – Geplangte Multimobilitéit mat Fokus op d’Integratioun vun Transportmodi a kombinéiert Léisunge fir Passagéier a Gidder a Stied a Regiounen vun der Mme Dagmar Koehler, Kommunikatiounsmanager am Polis Network.

12:00 Auer : Mëttespaus an Iessen.

13:30 Auer : Referat Mobilitéit 2030 zu Suessem – SUMPs an EMW – zwee Konzepter ginn Hand an Hand vum Här Fernand Heischbourg, Responsable vum Service Projets bei der Gemeng Suessem.

14:15 Auer : Referat Best Practice Aktiounen – Iddië fir eng gelongen EMW an Ärer Gemeng vum Här David Everard, Kommunikatiouns- a Marketing Responsable beim Verkéiersverbond a nationale Koordinator vun der EMW.

15:00 Auer : Referat VdL Golden City – D’Stad Lëtzebuerg an hir Kandidatur fir d’EMW Awards 2017 vun engem Representant vun der Stad Lëtzebuerg.

15:25 Auer : Ofschloss vun der Konferenz duerch den Här Gilles Dostert, Generaldirekter vum Verkéiersverbond.

Organisé par Verkéiersverbond - Communauté des Transports

Évènement
Publié le jeudi 29 mars 2018
Partager sur