Klimapakt Dag 2017, den 28.09.2017 zu Hesper

Klimapakt Dag 2017, den 28.09.2017 zu Hesper

Klimapakt Dag 2017 ! Donneschdes, den 28. September 2017 vu 14 bis 17 Auer zu Hesper am Centre Civique et Scolaire

De Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen a myenergy invitéieren Iech op déi 5. Editioun vum Klimapakt Dag.

Um Programm vun dësem Joer stinn ënnert anerem folgend Themen :

  • Agenda 2030 – wat bedeit dat fir Är Gemeng ?
  • Économie circulaire – wat kann Är Gemeng an dësem neie Beräich ënnerhuelen ?
  • Loftqualitéit am Kader vum Klimapakt
  • Grenziwwerschreidende Projet GReENEFF – wéi kann Är Gemeng deelhuelen a wat sinn d’Virdeeler ?
  • Néie Klimaschutzconcours fir Veräiner
  • Iwwerreechung vun den neie Klimapakt-Zertifikatiounen

Profitéiert vun dësem Zesummentreffe fir Iech mat anere Gemengen a mat de concernéierten Acteuren auszetauschen an zesummen nei Weeër fir e bessert Klima anzeschloen !

Mellt Iech wann ech gelift online bis spéitstens de 31. August ënnert folgendem Link un :
https://www.myenergy.lu/de/gemeinden/umeldung-fir-de-klimapakt-dag-2017

Dir kënnt dës Invitatioun gär un aner interesséiert oder concernéiert Persoune weiderschécken.

Source : www.pacteclimat.lu

Article
Article
Publié le mercredi 23 août 2017
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires