Wäisstorchen op der Duerchrees

Wäisstorchen op der Duerchrees

Dëser Deeg konnt een enger grousser Unzuel u Wäissstorchen nokucke wéi se op de Wisen tëschent Schëffleng a Näerzeng eng Paus ageluet hunn wärend hirer Rees an de Süden.

Storchen si Wandervullen. Si bréien am héijen Norden an de Méint Abrëll bis Juni. Storchen halen hire Partner meeschtens laang, a jo, heiansdo ee liewe laang. Si erzéien och hir Jonk.

Spéitstens am Hierscht, mee heiansdo och schonn am August man sinn sech dann op de Wee an de Süden. Fréier, wou d’Wanteren nach méi kal woaren an duerch de Frascht d’Nahrung knapp ginn ass fir dës Vullen, sinn si nach bis an Afrika geflunn. Haut kënnt et och scho mol vir dass si am Süde vun Europa bleiwen, well si do genuch z’iesse fannen.

Insgesamt wäerten e puer dausend Storchen hire Wee all Joer duerch Lëtzebuerg untrieden. Si bleiwen allerdéngs meeschtens just 1-2 Deeg hei éih hir Rees weider geet.

– Informatioune vum Här Ed Melchior, Ornitholog.
Photos : Copyright Jeannot Schartz
Gemeng Schëffleng

Communiqué
Publié le vendredi 25 août 2023
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires