
Sales-Lentz Moving People recrute !
Mataarbechter an der Dispositioun (h/f)
Fir d’Verstäerkung vu sengem Service de Permanence 24h/24h sicht
Sales-Lentz sicht fir seng Zentral zu Käerjeng
Mataarbechter an der Dispositioun (m/w)
(CDI-Kontrakt 40 St/Woch)
Är Missioun :
Am Wiesselschichtbetrib iwwerwaacht Dir de komplette Busbetrib vum Grupp Sales-Lentz a sidd eegeverantwortlech zoustänneg bei Onregelméissegkeeten am deegleche Betrib (Ersatz vu Gefierer bei Pannen, Ëmleede bei Stau, kuerzfristeg Nei-Dispositioun vu Chauffere bei Krankeschäiner) sënnvoll a richteg Entscheedungen ze treffen.
An Ärer Funktioun si Dir :
éischten Uspriechpartner fir d’Chaufferen
éischten Uspriechpartner fir d’Clienten an zoustänneg fir d’Ophuele vu Reklamatiounen
d’Bindeglied tëscht Atelier an Dispositioun
Viraussetzung fir dëse Posten sinn :
Ganz gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen an am Franséischen
Héiflechkeet um Telefon an am direkte Kontakt mat Leit
Exzellente Sënn fir Analys, Koordinatioun an Organisatioun
a keng Angscht, schnell a richteg Entscheedungen ze treffen,
och a schwierege Situatiounen
Bereetschaft am Schichtbetrib ze schaffen, reegelméisseg
och de Weekend a Feierdeeg
Gutt geografesch Kenntnisser vun Uertschaften a Stroossennetz zu Lëtzebuerg
Héich Affinitéit sech an nei an onbekannte Software eranzeschaffen
absolut Teamfähegkeet
All berufflech Erfahrung am Beräich Transport vu Persounen oder Wueren ass vu Virdeel.
Interesséiert ?
Dir hutt minimum eng Première oder Treizième mat Ofschloss a sidd
un dësem Posten a sengen Erausfuerderungen interesséiert ? Scheckt eis w.e.g. Ären Dossier iwer de Link : http://bit.ly/2L6umh1