Remise chèque vum Soroptimist Club Melusina fir d'Fondation Follereau

Remise chèque vum Soroptimist Club Melusina fir d’Fondation Follereau

Zënter iwwer 100 Joer setze sech d’Soroptimisteclib uerchtert d’Welt fir Fraen an. D’Ënnerstëtzung ass sou vielfälteg, wéi d’Memberen aus de verschiddene Clib.

2020, hunn d’Soroptimisten vum Club „Melusina“ sech dofir entscheed, d’Projeten vun der Fondation Follereau z’ënnerstëtzen. Di sanitär Krise huet si net dovun ofgehal weider solidaresch Aktivitéiten ze maachen an esou duerch den Chrëschtmaart 8.000 € fir 2 Projeten fir Fraen a Meedercher ze sammelen.

Di zwee Projeten déi doduerch ënnerstëtzt konnte ginn, sinn Aktivitéite géint weiblech Genitalverstümmelung an geschlechterspezifesch Gewalt, déi vun der Fondation Follereau am Burkina Faso an am Mali mat hiere lokale Partnerorganisatioune réaliséiert ginn. An deene Projeten kréie Meedercher a Fraen déi exciséiert sinn eng medezinesch Hëllef, eng psychologesch Begleedung an d’Méiglechkeet, wann si wëllen, fir reparéiert ze ginn. D’Fraen hunn och duerch d’Ennerstëtzung vun anere Concernéierten d’Méiglechkeet fir rem zréck an d’Gesellschaft ze fannen an een eegestännegt Liewen ze féieren. Si kréien Zougang zu Bildung an zu enger Léier wou si ee Beruff kënne léieren, deen hinnen an hiere Kanner zu Autonomie verhëlleft.

D’Beschneiderinnen, déi Excisiounen maachen an d’Communautéiten, déi dës Traditioun weiderféieren, ginn duerch Sensibiliséierung an Informatioun opgekläert iwwer d’Konsequenzen, déi sech deelweis réischt Joere méi spéit bemierkbar maachen. Dodurch kann dacks ee Mentalitéitswandel provozéiert ginn, deen d’Leit dozou féiert fir dës Praxis net méi fir gutt ze heeschen. Deen Ament offréiert d’Fondation Follereau eng berufflech Alternativ fir déi Beschneiderinnen, déi sech engagéieren d’Excisioun net méi weiderzeféieren.

D’Fondatioun seet all de Membere vum Soroptimist Club Melusina ee ganz grousse Merci am Numm vun den Ekippen zu Lëtzebuerg, an Afrika, a ganz besonnesch vun de Bénéficiaire vun de Projeten, deenen duerch dëse groussen Asaz konnt gehollef ginn erem en eegestännegt Liewen ze féieren.

Communiqué
Publié le jeudi 6 janvier 2022
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires