Gitt fräiwëlleg beim Tricentenaire !

Gitt fräiwëlleg beim Tricentenaire !

Wëllt Dir Iech an eng mënschlech Aventure bannent enger dynamescher Associatioun bedeelegen ? Dann maacht de Schratt a liest dem Sylvie säin Temoignage !

Mir war et wichteg e Benevolat ze fannen wou ech mech kéint sozial engagéieren, wou ech d’Méiglechkeet hätt meng Zäit fir d’Integratioun an sozial Participatioun vun Persounen ze erméiglechen. Wou ech dëse Persounen kéint hëllefen eng Ofwiesslung an hiren Alldag ze bréngen a wou si kéinte Freed dobäi hunn.

Et léiert een sympathesch Leit kennen, déi oft duerch e Schicksal/Ongléck hiert Liewe ganz hu missen emkrempelen, akzeptéiert hunn dass si op Hëllef ugewise sinn an awer frou sinn ze liewen ; dëst meeschteren, an d’Liewen genéissen an dofir den Asaatz vum Benevole schätzen.

Wann een sech als Benevole engagéiert, investéiert een net, gëtt een net nëmmen sech, seng Zäit, mä et kritt een och ganz vill zréck. Vill Dankbarkeet vun de Participanten, e Merci, e Laachen, en zefriddenen oder entspaante Bléck, d’Gefill ze mierken wei d’Participanten des Ofwiesslung, Vakanz genéissen an oft wärend deenen puer Deeg opginn ewéi eng Blumm.

Perséinlech fannen ech et schéin ze gesinn an ze spieren wei d‘Participanten hier Vakanz, deenen meeschten hiren Highlight vum Joer, wei si soen, genéissen, sech drop freeën an Energie, Mutt, Selbstwäertgefill, fir deen net ëmmer einfachen Alldag tanken.

Kuerz Sortien sinn och fir verschidde Leit ganz, ganz wichteg, op et e Spadséiergang an de Bësch ass, e Concert, Visitt am Musée e puer Stonnen an der Belle Etoile, e Cours, an t‘Schwemm goen, eppes zesummen drénke goen...

Ouni Begleedung/ Benevole ass dat fir si net méiglech.

Wann Dir och interesséiert sidd fir Iech beim Tricentenaire fräiwëlleg ze maachen, da kontaktéiert eis iwwer 332 233-321 oder per E-Mail : infobenevolat@tricentenaire.lu

Article
Article
Publié le jeudi 3 juin 2021
Partager sur
Avec notre partenaire
Nos partenaires