eng Botzkraaft - Autonomie sécurisée Sud (w/m/x) / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH rekrutéiert !

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service Autonomie sécurisée zu Diddeleng an Esch/Uelzecht, eng Botzkraaft (w/m/x), fir een CDI - 10 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Mir sichen eng Botzkraaft fir eisen Service Autonomie sécurisée zu Diddeleng an Esch/Uelzecht, fir den hygieneschen Ënnerhalt vum Gebai an d’Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidaten sollen :

  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen
  • déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel
  • den Führerschäin Klasse B hunn

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Fir méi Informatiounen : https://www.apemh.lu

Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le samedi 13 janvier 2024
Partager sur
Offre publiée par