een Psychomotoriker (Psychomotricien) - SEAI Kokopelli (w/m/x) / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH rekrutéiert !

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hire Service d’Education et d’Accueil Inclusif Kokopelli zu Beetebuerg, ee Psychomotoriker (Psychomotricien) (w/m/x) fir een CDI - 20 bis 30 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...) an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher a motivéierter Ekipp ze ginn.

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

De Kokopelli ass eng inklusiv Crèche fir 78 Kanner am Alter vun 2 Méint a 4 Joer.

Als en Deel vun eisem Team hutt Dir folgend Responsabilitéiten :

Dir passt besonnesch op déi gutt sensoriell, motoresch an emotionell Entwécklung vun all Kand op, andeems Dir Präventiouns-, Animatiouns- an Bildungsmossnamen duerchféiert fir déi psychomotoresch Gesamtentwécklung vun de Kanner ze ënnerstëtzen.

Dir bréngt en oppent Ouer an e spezifesche Bléck fir Beobachtungen a Froen vun den Fachleit fir d’Begleedung vun den Kanner mat an ënnerstëtzt Si fachlech an theoretesch am Hibléck op d’Entwécklung vum Kand.

Dir huelt och un der Betreiung a Begleedung vun den Elteren deel.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen :

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimale professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • staarken Teamgeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäi Klass B hunn

Mir bidden

  • attraktiv, op den CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend, Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi an der Begleedung vun de Kanner.

Fir méi Informatiounen : https://www.apemh.lu

Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le samedi 13 janvier 2024
Partager sur
Offre publiée par