Een diploméierten Infirmiere (w/m/x) - Wunnstruktur Haus Näidsen / APEMH

Een diploméierten Infirmiere (w/m/x) - Wunnstruktur Haus Näidsen / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH wersucht !

Een diploméierten Infirmiere (w/m/x) - Wunnstruktur Haus Näidsen
Schlussdatum

09/11/2025

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur Haus Näidsen, een diploméierten Infirmiere (w/m/x) fir een CDD (Dispens an congé maternité), 40 Stonnen/Woch - fir ab den 01 November 2025.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen :

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger Autorisation d’exercer sinn.
  • Beruffserfarung hunn.
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
  • Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
  • De Führerschäin Klass B hunn.

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le lundi 20 octobre 2025
Partager sur
Offre publiée par