Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service SAS OST / APEMH

Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service SAS OST / APEMH

Voir toutes les offres

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS zu Jonglénster 1 diploméierten Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

RESPONSABILITÉITEN

  • Ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
  • Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D’ Kandidate sollen :

  • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn.

WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le mardi 19 août 2025
Partager sur
Offre publiée par