een diploméierten Erzéier - Service CARR Nord (w/m/x) / APEMH
APEMH rekrutéiert !
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR (Centre d’activités, de réadaptation et de rencontre) zu Klierf, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDD - 20 Stonnen/Woch - fir direkt ode rno Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Betreiung vun Kanner mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen :
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Fir méi Informatiounen : https://www.apemh.lu
Lien pour postuler : cliquez ici