Een Diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - Haus am Weier 2 zu Esch/Alzette

Een Diploméierten Aide-soignant (w/m/x) - Haus am Weier 2 zu Esch/Alzette

Voir toutes les offres

APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur Haus am Weier 2, een Diploméierten Aide-soignant (w/m/x)

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen :

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d’exercer sinn (Erzéier, Aide-soignant)
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le jeudi 16 avril 2026
Partager sur
Offre publiée par