ee Pädagog fir eis Ausbildungs- a Schaffstrukturen (w/m/x) / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH recrute !

ee Pädagog fir eis Ausbildungs- a Schaffstrukturen (w/m/x)
SCHLUSSDATUM 27/01/2024
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Ausbildungs- a Schaffstrukturen zu Betten, een Pädagog (w/m/x) fir ee CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Är Missiounen sin d’Opstellung a Koordinatioun vun de pädagogeschen a professionnelle Projeten sowie Ënnerstëtzung vir d’Ekippen bei pädagogesche Froen an der Emsetzung vu Projet’en.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen :

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Pädagog sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen am Beräich vun Erstellen vu pädagogesche Projet’en
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Equippegeescht hunn
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung

Mehr Informationen : https://www.apemh.lu/

Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le dimanche 7 janvier 2024
Partager sur
Offre publiée par