ee geléierte Kach (w/m/x) fir eisen Atelier Gemeiskichen zu Lampech / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH recrute !

ee geléierte Kach (w/m/x) fir eisen Atelier Gemeiskichen zu Lampech (w/m/x)
SCHLUSSDATUM 13/01/2024
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Geméiskichen zu Lampech ee geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Dir schafft zesummen als Ekipp an eisem Atelier Geméiskichen, wou dir folgend Aarbechten an Verantwortung mat iwwerhuelt :

  • eist Geméis an Uebst haltbar maachen duerch Akachen, Aleeën, …
  • Rezepter opstellen an entwéckelen fir nei Produiten
  • selbststänneg Schaffen am Respekt vun den HACCP Regelen
  • mathëllefen bei der Gerance vun der Produktioun an vun den Stocken
  • eng Ekipp vun Leit mat enger intellektuell Beanträchtegung am Aarbecht-Alldag encadréieren

Obligatoresch Ufuerderungen

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
  • Wëssen iwwert Reglementer vun der Produktioun an Vente am alimentairen Beräich
  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Kenntnisser an folgenden Beräicher kennen vun Virdeel sinn :

  • Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Erfahrung an der Imkerei

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Mehr Informationen : https://www.apemh.lu/

Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le dimanche 7 janvier 2024
Partager sur
Offre publiée par