Diploméiert Erzéier (m/f) / APEMH

Voir toutes les offres

APEMH recrute !

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Résidence Bartreng, diploméiert Erzéier (w/m/x) fir 20, 30 a 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder no Ofsprooch.

Mir bidden Iech d ‘Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze sinn, déi am September 2023 den éischten Deel vum Projet gestart huet. Am Juli 2024 geet dësen an déi zweet Phase an aus dem Grond brauche mir zousätzlech motivéiert Mataarbechter.

Job Description

Am Joer 2021 si mat der “autonomie sécurisée” néi Méiglechkeeten, am Beräich Wunnen fir Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung, geschaaffe ginn.

Hei geet et dorëms, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung an hirem Appartement, Studio, WG ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefsstellung unzebidden a mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hir t ‘Liewen, hir Fräizäit, eegestänneg a sécher gestallten kënnen.

An enger éischter Phase, ass am Joer 2023 en Haus am Zentrum vum Land, méi genau zu Bartreng, opgaangen. Elo gi mer an déi zweet Phase vum Projet iwwer, wou och eeler Leit mat oder ouni begrenzter Mobilitéit d’Méiglechkeet hunn autonom an hire Wunnengen ze liewen.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen :

  • Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Lien pour postuler : cliquez ici
Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le dimanche 19 mai 2024
Partager sur
Offre publiée par