
APEMH recrute !
een geléierten Kach - Atelieren Parc Merveilleux (w/m)
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren am Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
- Liewensmëttelversuergung/Stockage
- Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
- Uwennung a Kontroll vun Gesondheets- a Sécherheetsnormen
- Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn
Obligatoresch ufuerderungen
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
wënschenswäert ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Méi Informatiounen : https://www.apemh.lu/jobs/