APEMH recrute !

APEMH recrute !

Voir toutes les offres

een polyvalenten Mataarbechter - Déierenpensioun HoKa Lampech (w/m)

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun HoKa zu Lampech, een polyvalenten Mataarbechter (w/m) fir ee CDD a Vollzäit, fir eng Dispens an een Congé Maternité ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Är Aarbechten sinn :

  • Botzen vun den Hond- an Kazengeheger
  • Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz
  • am Kontakt mam Client sinn
  • Betreiung vun enger Equipe vun Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung

Obligatoresch Ufuerderungen

Dir sollt Folgendes als Viraussetzung matbréngen :

  • D’Verhalen vun Hënn a Kazen kënnen
  • Sënn fir Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéiere
  • Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn
  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen an schreiwen kennen
  • De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert ufuerderungen

Beruffserfarung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Méi Informatiounen : https://www.apemh.lu/jobs/

Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le lundi 29 août 2022
Partager sur
Offre publiée par