Sales-Lentz recrute !

Sales-Lentz recrute !

Voir toutes les offres

Sales-Lentz sicht fir seng Zentral zu Käerjeng : Mataarbechter an der Dispositioun (m/w, CDI-Kontrakt)

fir d’Verstäerkung vu sengem Service de Permanence 24h/24h.

Är Missioun :
Am Wiesselschichtbetrib iwwerwaacht Dir de komplette Busbetrib vum Grupp Sales-Lentz a sidd eegeverantwortlech zoustänneg bei Onregelméissegkeeten am deegleche Betrib (Ersatz vu Gefierer bei Pannen, Ëmleede bei Stau, kuerzfristeg Nei-Dispositioun vu Chauffere bei Krankeschäiner) sënnvoll a richteg Entscheedungen ze treffen.

An Ärer Funktioun si Dir :
éischten Uspriechpartner fir d’Chaufferen
éischten Uspriechpartner fir d’Clienten an zoustänneg fir d’Ophuele vu Reklamatiounen
d’Bindeglied tëscht Atelier an Dispositioun

Viraussetzung fir dëse Posten sinn :
Ganz gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen an am Franséischen
Héiflechkeet um Telefon an am direkte Kontakt mat Leit
Exzellente Sënn fir Analys, Koordinatioun an Organisatioun a keng Angscht, schnell a richteg Entscheedungen ze treffen, och a schwierege Situatiounen
Bereetschaft am Schichtbetrib ze schaffen, reegelméisseg och de Weekend a Feierdeeg
Gutt geografesch Kenntnisser vun Uertschaften a Stroossennetz zu Lëtzebuerg
Héich Affinitéit sech an nei an onbekannte Software eranzeschaffen
absolut Teamfähegkeet
All berufflech Erfahrung am Beräich Transport vu Persounen oder Wueren ass vu Virdeel.

Interesséiert ?
Dir hutt minimum eng Première oder Treizième mat Ofschloss a sidd un dësem Posten a sengen Erausfuerderungen interesséiert ?
Da schéckt eis Ären CV mat enger Foto an engem Bréif un :

Service Recrutement
BP 39 L-4901 Bascharage
recrutement@slg.lu
http://www.saleslentzgroup.lu/fr/job/
Communiqué par Sales-Lentz

Voir toutes les offres
Offre d'emploi
Publié le mercredi 18 octobre 2017
Partager sur
Offre publiée par