Roadshow Mobilité douce mam Minister François Bausch vum 27.04.2015 un

Roadshow "Mobilité douce" mam Minister François Bausch vum 27.04.2015 un

Jiddereen, dee sech interesséiert, ass häerzlech agelueden.

Den 27. Abrëll 2015 ëm 19.00 Auer fënnt zu Réimech am Centre scolaire Gewännchen déi éischt Regionalversammlung fir Gemenge-Conseilleren, technesch Déngschter an all aner Leit, déi sech interesséieren oder wëllen dozou bäidroen, datt Zefoussgoen a Vëlofueren an eisem Land erëm attraktiv ginn, statt.

Déi zweet Versammlung ass den 29. Abrëll 2015, och ëm 19.00 Auer, am Auditoire vum Lycée zu Réiden un der Atert.

De Programm :

> Zefoussgoen a Vëlofueren als essentiell Elementer vun enger effikasser Mobilitéitsplanung.

> Wéi ënnerstëtzen den MDDI, d’Ponts & Chaussées an de Verkéiersverbond d’Gemenge bei der Planung fir d’Mobilité douce ?

> Ënnert wéi enge Konditioune kann Tempo 30 elo och op Staatsstroossen envisagéiert ginn ?

> De Point de vue vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.

> Diskussioun.

Jiddereen, dee sech interesséiert, ass häerzlech agelueden. Den Entrée ass fräi.

Weider Daten :

> 11. Mee 2015, 19.00 Auer Trifolion Iechternach

> 12. Mee 2015, 19.00 Auer Tramsschapp Stad Lëtzebuerg

> 19. Mee 2015, 19.00 Auer Centre Culturel Aalt Stadhaus Déifferdeng

> 16. Juni 2015, 19.00 Auer Schlass Beetebuerg

> 24. Juni 2015, 19.00 Auer Schlass Klierf

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Article
Article
Publié le vendredi 24 avril 2015
Partager sur
Nos partenaires