Le quotidien des enjeux du développement durable au Luxembourg !
50 Joer Haus Solidarité – Reckbléck op eng Success Story
facebook
twitter/
linkedin
scoopit

50 Joer Haus Solidarité – Reckbléck op eng Success Story

Économie sociale et solidaire

Publié le
vendredi 17 février 2023 à 04:00

facebook
twitter/
linkedin
scoopit

Den 3ten Dezember 2022 konnt um Nossbierg en duebele ronne Gebuertsdag gefeiert ginn.

A Presenz vun de Ministere Corinne Cahen, Familljeministesch a Georges Engel, Aarbechtsminister, dem Här Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch, ville Mataarbechter(inne) vun der éischter Stonn an aktuelle Mataarbechter(innen), ville Bewunner(innen) a vun de Wunnstrukture vum Nossbierg, Membere vun der Direktioun a Representante vun de Conseils d’Administration a concernéierten Elteren a ganz besonnesch enger vun den éischte Bewunnerinnen, der Madamm Eugénie Debrun, konnt d’APEMH feieren dass de 15ten Dezember 1972 déi éischt Leit mat intellektueller Beanträchtegung um Nossbierg an de „Foyer de la Solidarité”, dem éischte Foyer vun der APEMH, konnten aplënneren. Dësen éischte „Foyer”, haut seet een éischter „Wunnstruktur”, war déi éischt Äntwert déi d’APEMH, konnt de concernéierten Elteren als eng Perspektiv fir hier behënnert Kanner ginn.

De 15ten Dezember 1967 haten 18 concernéiert Elteren ënner dem Impuls vum Här Marcel Wolff d’APEMH gegrënnt, justement an der Sich no enger Äntwert op d’Fro : “Wat geschitt mat mengem Kand mat enger Behënnerung wann ech eng Kéier net méi kann no him kucken” ?

Kuerz no der Ouverture vum “Foyer de la Solidarité” ass um Nossbierg och den éischte klengen Atelier protégé opgaange fir deene behënnerte Leit och eng sënnvoll Aarbecht kënnen unzebidden.

Ouni di zwee genannte Ministeren, déi bei der Feier present waren, an ouni d’Gemengen, mat un éischter Stell der Escher Gemeng, hätt d’APEMH net kënnen zu der SUCCESS STORY ginn, déi et haut ass. Duerch d’Kompetenz an den Dévouement vun deene professionelle Mataarbechter a virun Allem duerch den onermiddlechen Asaz vu benevollen Elteren, Frënn a Bienfaiteure konnt d’APEMH dat gi wat se haut ass.

Hei fannt der de ganzen Artikel
Mehr informationen : https://www.apemh.lu/

Publié le
vendredi 17 février 2023


Avec notre partenaire

APEMH
Économie sociale et solidaire
Communiqué
Distraction free
DISTRACTION FREE MODE
Nos partenaires Économie sociale et solidaire


Nos partenaires Économie sociale et solidaire

Nos partenaires