[26-05-16] Klimapakt-Dag 2016

[26-05-16] Klimapakt-Dag 2016

Klimapakt-Dag 2016 : Aluedung mam Programm

Klimapakt-Dag 2016
Donneschden, de 26. Mee 2016, 10h00-17h00
Maison du Savoir
2, avenue de l’Université / L-4365 Esch-sur-Alzette

De Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen a myenergy invitéieren Iech op eng Konferenz, déi am Kader vum Klimapakt fir d’Gemengen organiséiert gëtt.
Virum traditionelle Konferenznomëtten sinn dëst Joer zwee weider Programmdeeler virgesinn. Moies ginn zwee technesch Workshopen ofgehal. De ganzen Dag hutt Dir d’Méiglechkeet, eng Ausstellung iwwer flott Projeten, déi am Kader vum Klimapakt vun de Gemengen ëmgesat goufen, ze besichen. Nomëttes stinn ënnert anerem um Programm : e Bilan vum Klimapakt, virgestallt vum Staatssekretär Camille Gira, d’Presentatioun vun de Workshope vum Mueren, an déi offiziell Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertificatiounen u véierzeg Gemengen.

Besicht och de ganzen Dag d’Foire vun eise Partenairen am Klimapakt : : Centre for Ecological Learning (CELL), d’Emweltberodung Lëtzebuerg (EBL), d’Ëmweltverwaltung an Inspiring More Sustainability (IMS) presentéieren Iech sur place hir Servicer, déi si fir d’Gemengen ubidden.

Profitéiert vun dësem Zesummentreffe fir Iech mat anere Gemengen a mat de concernéierten Acteuren auszetauschen !

UMELDUNG

PROGRAMM

9h30 – Accueil
10h00 – Technesch Workshopen

Workshop A 
Besser Mobilitéit, manner Traffik an Ärer Gemeng, mä wéi ? 
Wou sinn d’Schwieregkeeten a Saache Mobilitéit an Ärer Gemeng ? Wat kann d’Gemeng ënnerhuelen ? Gitt méi gewuer an diskutéiert heiriwwer mat den Experten, dem Pierre Dornseiffer vun der Ëmweltverwaltung (Ministère du Développement durable et des Infrastructures) an Christophe Reuter vun der Cellule Mobilité Douce (Ministère du Développement durable et des Infrastructures)

Workshop B
Erneierbar bedriwwe Wäermenetzer : zentral amplaz dezentral Wäermt ? 
Wat si méiglech Modeller, Systemer an Technologien ? Wéi kann d’Finanzéierung ausgesinn ? Huelt Deel un eisen Aarbechtsgruppen an diskutéiert iwwert d’Schwieregkeeten a méiglech Léisungsusätz mat eis a mam Expert Jacques Weyland, OAI

12h00 – Lunch mat der Ausstellung iwwer Projete vun den zertifizéierte Gemenge “Klimapakt konkret” an der Foire vun de Klimapakt-Partenairen

13h30 – Begréissungsusprooch
Gilbert Théato, Direkter vu myenergy

13h40 – Klimapakt : Fir méi Liewensqualitéit
Camille Gira, Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen

14h20 – Erneierbar bedriwwe Wäermenetzer : zentral amplaz dezentral Wäermt ?
Lis Cloos, Chef de projet Pacte Climat, myenergy

14h50 – Besser Mobilitéit, manner Traffik an de Gemengen !
Christophe Reuter, Cellule Mobilité Douce, Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen

15h15 – Paus mat der Ausstellung iwwer Projete vun den zertifizéierte Gemenge “Klimapakt konkret” an der Foire vun de Klimapakt-Partenairen

15h45 – Iwwereechung vun de Klimapakt-Zertificatiounen un d’Gemengen

16h45 – Auszeechnung vum Gewënner-Poster am Kader vum Concours Klimapakt konkret a vun de Verlousung ënnert de Participanten

17h00 – Apéro

UMELDUNG

Accès :
Kommt mam ëffentlechen Transport op de Klimapakt-Dag !
Zuch : Arrêt Belval-Université, Gare
Bus : Arrêt Maison du Savoir

Source : www.pacteclimat.lu

Article
Article
Publié le mardi 24 mai 2016
Partager sur
Nos partenaires